Appell un d'JugendservicerGewalt e grousst Thema op der Foire vun der Jugendaarbecht

RTL Lëtzebuerg
Gewaltvideoe verbreede sech an den Sozialen Netzwierker immens séier an als Resultat si jonk Leit ëmmer méi Gewalt ausgesat.
Foire vun der Jugendaarbecht
Fir déi ënnerschiddlech Offere virzestellen, war en Dënschdeg eng Foire fir Professioneller a Benevoller. D’Jugendaarbecht huet nämlech vill Facetten.

Och hei am Land zirkuléiere Videoe vu Kläppereien. En Thema, mat deem sech en Dënschdeg och op der Foire vun der Jugendaarbecht beschäftegt gouf.

Georges Metz op der Foire vun der Jugendaarbecht

De Georges Metz, den Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ):

“Mir hunn lescht Woch nach eng Reunioun gehat, well d’Iddi war, eng Campagne ze maachen. Dunn hate mir eng Reunioun vun eisem Ministère zesumme mat der Police. D’Fazit war manner eng Campagne ze maache mat Affichen oder sou, mee datt et wichteg ass, d’Thema Gewalt mat de Jonken direkt unzeschwätzen, do wou si sinn. Si hunn eis am Fong encouragéiert, dat dann ze maachen an dofir hunn mir elo haut, dat koum e bëssche kuerzfristeg, mee elo haut en Appell gemaach un d’Jugendhaiser a Jugendservicer, fir sech mat dem Thema ausenanerzesetzen an dat mat de Jonken ze thematiséieren.”

Iwwert d’Fro, ob Jugendlecher no der Pandemie iwwerhaapt nach an d’Jugendzentren a Jugendorganisatiounen zeréckfanne géifen, misst ee sech aktuell manner Suerge maachen. Verbänn wéi d’Scouten an aner Jugendzentre konnten eng Erhéijung vu Memberszuele feststellen, esou de nach Georges Metz, den Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ).

Fir déi ënnerschiddlech Offere virzestellen, war en Dënschdeg eng Foire fir Professioneller a Benevoller. D’Jugendaarbecht huet nämlech vill Facetten.

D’Axwai asbl mécht zum Beispill den Encadrement vu Musekstudioen a verschiddene Jugendhaiser. Nieft dem ganze Material, dat deene Jonken zur Verfügung gestallt gëtt, kënnen si och vun der Erfarung an den Tipps profitéieren. De Projet wëll virun allem einfach a fir jiddereen accessibel sinn, erkläert de Flavio Monteiro Alves, Sozialpedagog a Matgrënner vun der Axwai asbl.

Dacks hätte Jonker d’Méiglechkeet net, fir doheem Musek ze maachen. Sief et well hinnen d’Material feelt, oder well sech doduerch d’Famill oder d’Nopere gestéiert fillen. Och dofir wier et wichteg, eng Plaz ze bidden, wou ee ka kreativ sinn.

Am Secteur vun der Jugendaarbecht ass d’Iddi am Zentrum, déi Jonk op hire Weeër ze begleeden, an deenen ënnerschiddleche Beräicher. Ma fir ze erauszefannen, wat een interesséiert, muss een d’Geleeënheet hunn, villes auszeprobéieren.

Diskussiounen um Krautmaart: Wéi soll ee mat der Gewalt ënner Jugendlechen ëmgoen?
Brutale Video: Goufen dës Biller an engem Lëtzebuerger Lycée gefilmt?

Back to Top
CIM LOGO