No Doudschlag zu BounewegGewalt vu Jonken: Et muss eppes geschéien

Jeannot Ries
Tim Morizet
Den Doud vum 18 Joer jonke Rafael, dee virun enger Woch bei enger Messerattack zu Bouneweg ëm d'Liewe koum, werft weiderhin eng Rëtsch Froen op.
Gewalt vu Jonken: Et muss eppes geschéien
Den Doud vum 18 Joer jonke Rafael, dee virun enger Woch bei enger Messerattack zu Bouneweg ëm d’Liewe koum, werft weiderhin eng Rëtsch Froen op.

Gewalt vu Jonken / Reportage Tim Morizet

Ënnert anerem d’Roll vun der Schoul an de soziale Medien. Kuerz no der Attack gouf Bildmaterial vum Mord iwwert d’Plattform Snapchat gedeelt.

E klore Message, deen aner Leit aschüchtere sollt an dem Public weise sollt, wien hei de „Chef“ ass. Kuerz no der Dot ass eng Foto vum Tatort iwwert d’Plattform Snapchat opgedaucht. Dono e Video vum engem vu béide presuméierten Auteuren, ewéi dëse sech beim Fëmmen an der Unisec zu Dräibuer gefilmt hätt*. Eng weider, public, Provokatioun, déi och bei ville Jonken uechter d’Land um Handy sollt landen.

D’Applikatioun Snapchat suergt fir Opreegung ënner Elteren. Et wier wichteg, datt déi eng opmierksam Haltung hu vis-à-vis vun hirem Kand, sou d’Nathalie Keipes, Directrice vum Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires.

“Kucken, wéi et him geet. Wa se villäicht feststellen, datt d’Kand en anert Verhalen huet, net gutt schlofe kann, net gär an d’Schoul geet, nervös ass. Datt d’Elteren deen Ament d’Kand encouragéieren, fir sech matzedeelen, fir mat den Elteren ze schwätzen. Fir ze soen, wat et bedréckt, ouni et ze forcéieren. E wichtegen Ausgangspunkt, fir an d’Diskussioun mam Kand ze kommen.”

D’Psychologin geet am Gespréich op d’Influenz vun de soziale Medien an. D’Kanner kommen ëmmer éischter iwwer de Smartphone a Kontakt mat Pornographie oder mat Biller vu Gewalt. Mat der Gefor, datt se sech un esou Biller gewinnen, wat net banaliséiert dierft ginn. Hei hätten d’Elteren eng Roll ze spillen, fir och Cyber-Mobbing aus dem Wee ze goen.

Genee eng Woch ass et also elo hier, datt de Rafael vun 2 Mannerjärege mat engem Messer attackéiert gouf a seng Blessuren net iwwerliewe sollt. D’Täter ware 15 a 17 Joer al an d’Affer wier hinne Sue schëlleg gewiescht. De Jonke vun 18 Joer an den Auteur waren zu Bouneweg am Lycée, déi drëtt Persoun zu Ettelbréck.

D’Spëtzt vum Äisbierg vun enger ganz mouvementéierter Woch mat 3 Tëschefäll an der Stad mat Mannerjäregen, déi sech zum Deel iwwerschneiden.

Et wier keen Zoufall, datt d’Situatioun méi prekär gëtt, esou d’Nathalie Keipes, Directrice vum Cepas. D’Pandemie an de Fakt, Doheem agespaart ze sinn, géifen d’Situatioun verschlëmmeren. Aschränkungen am Alldag, manner sozial Kontakter, manner Sport, manner Oflenkung, Changementer am Schoulrhythmus hätte kloer en Impakt op déi Jonk.

„Wann ee selwer mat Problemer da konfrontéiert ass – wou een d’Problemer da bemol muss anescht léisen, ewéi een et soss gemaach huet. Soss mat Kolleegen, elo ass ee méi op sech eleng gestallt – do ass et kloer, datt d’Frustratiounstoleranz méi niddereg ass an datt een och do méi Problemer muss mat sech selwer ausmaachen a vill Jonker op sech selwer gestallt sinn.“

De Sport, mat deem Jonker mat Problemer soss dacks eng gewësse Balance géife fannen, wier reduzéiert an de Konsum vum Handy an de soziale Medien dogéint klëmmt.

„D’Opkomme vun dëse soziale Medie promouvéiert den Effekt vun der Victimiséierung a multiplizéiert d’Aggressioun. Et ass eng Resonanzkëscht, wou déi Dote sech kënne méi séier verbreeden, ewéi wann dat elo an engem klenge Grupp vun e puer Jonken um Schoulhaff oder am Bushaische geschitt.“

Et wier d’Roll vun der Schoul an den direkten Acteuren hei ronderëm, hir Opmierksamkeet dem Mal-être vum Schüler ze ginn. Besonnesch elo am Kontext vun der Pandemie, respektiv am Kontext vu Gewaltdoten.

An der schnelllieweger Zäit vun haut wären d’Selbstvertrauen an d’Flexibilitéit, fir mat enger Situatiounen ëmzegoen, d’Kompetenze vum 21. Joerhonnert a mat deene misst sech d’Schoul befaassen.

*Der Direktioun vun der Unisec no wier et net méiglech, datt esou e Video bannen hire Maueren opgeholl an diffuséiert gi wier.

RTL-Artikel (1.2.2021): Affär Bouneweg: Stater Gemeng reagéiert op Doudschlag duerch Mannerjäreger

Back to Top
CIM LOGO