D'Police deelt matGewalttätegen Iwwerfall an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg gouf der Police e gewalttätegen Iwwerfall gemellt.
Police
Police
© Police

An der Avenue Monterey wollten e Méindeg e puer Jugendlecher engem Affer säin Handy klauen. Ee vun de Jugendlechen huet d’Affer kierperlech ugegraff, fir un de Code vum Handy ze kommen. Duerno ass de Grupp a Richtung Park geflücht.

Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet, mee huet awer nach keng Resultater bruet. Et gouf eng Plainte deposéiert an déi weider Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO