
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg gouf géint 3 Auer e Jugendleche vun e puer Onbekannten um Trottoir tëscht der Tramsstatioun Philharmonie/Mudam an der Philharmonie iwwerfall. Véier bis fënnef jonk Persounen hunn de jonke Mann attackéiert, hunn him Géigestänn geklaut an e schwéierblesséiert zeréckgelooss.
An deem Zesummenhang sicht d’Police no Zeien. Persounen, déi eppes zum Virfall kënne soen, solle sech bei der Police vun Esch mellen. Dat entweder ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 50 1000 oder per Email: police.esch@police.etat.lu.