
Obwuel een e puer mol nogefrot hätt, hätt d’Patronatsassociatioun ACA bis ewell nach ëmmer keng Elementer virgeluecht, déi e Status quo géife rechtfäerdegen, heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun OGBL an LCGB. Déi verlaange kloer Augmentatioune bei de Paien.
En Accord gouf et nach net, sou dass ee sech Enn des Mounts eng weider Kéier wëll gesinn.