
D’Stëmmung virun dëser Reunioun ass um Déifpunkt. De Grond ass en nawell décke Sträit tëscht de Gewerkschaften
An zwar hunn den onofhängegen- an och de chrëschtleche Gewerkschaftsbond e Problem mat der Aleba..
D’Bankegewerkschaft hätt am Alleingang mam Patronat en Accord de principe festgehalen an och annoncéiert.
OGBL an LCGB waren total iwwerrascht a fille sech virun de Kapp gestouss, woubäi een nach de Kontakt gesicht hätt, fir zesumme Positiounen auszeschaffen, heescht et vun de Gewerkschaftsvertrieder.
D’Véronique Eischen vum OGBL sot am RTL-Interview, datt een no de Walen déi sektoriell Representativitéit vun der Aleba net hätt wëllen ufechten, fir kee schlecht Blutt ze maachen, ëmmerhi wier ee soss an den Intersyndicalë gutt matenee gefuer, ma an dëser Situatioun hätt ee kee Choix méi gehat.
“Dat no der Aktioun, wou se Cavalier seul gemaach hunn, eis an d’Gesetz hannergaangen hunn. Si hunn ignoréiert, datt déi déi ënnerschreiwen, mat an enger Commission de négociatioun sinn. Si hunn eis e richtege Grond geliwwert, fir beim Minister d’Analys ze froen, ob si nach sektoriell representativ sinn oder net”
Op alle Fall muss den Aarbechtsminister Dan Kersch elo tranchéieren. Aus dem Ministère krute mer gesot, datt lo mol d’Gewerbeinspektioun mat engem Rapport befaasst gouf a bei allen zoustännegen Acteuren déi néideg Donnéeën ugefrot huet.
Wat wieren d’Konsequenzen, sollt déi sektoriell Representativitéit wierklech oferkannt ginn, och do hunn déi zerstridde Säite verschidden Interpretatiounen.
D’Aleba reagéiert op alle Fall brüskéiert.
Et wiere Richtungen ugeduecht ginn, net méi. A schwieregen Zäite mat eKonomesche Licenciementer kéint den ale Kollektivvertrag - dee gutt wier - verlängert ginn.
Et goufen nach keng Verhandlungen an et wier näischt ënnerschriwwen, insistéiert de Roberto Mendolia. Et wier just en Accord de principe, sou de President vun der Aleba, dee vun engem falsche Skandal schwätzt an also glat a guer kee Verständnis fir d’Reproche vun den aneren zwéi Syndikater huet.
“Ils sont non-fondés, hors propos, ils sont purement et simplement utilisés à des fins politiques.
Nous n’arriverons pas à comprendre comment il est possible de dépenser autant d’énergie à attaquer l’Aleba, qui a agi en bon père de famille pour reconduire une convention magnifique.
Lutter comme ça avec véhémence et méchanceté, c’est de la politisation pure et simple d’un faux problème, d’un problème qui n’est pas là, puisqu’on n’a rien signé”
Wat d’Fro vun der sektorieller Representativitéit ugeet, do hätt een lo e spezialiséierten Affekot gefrot.
D’Aleba wier op alle Fall eng staark Gewerkschaft a géing heirënner bestëmmt net zu Gronn goen.
Den Accord de Principe an d’Weiderféiere vum ale Kollektivvertrag kéimen net a Fro, sou nach d’Véronique Eischen vum OGBL. Et wäert een sou eppes op Fall sécher net mat ënnerschreiwen.
