
Et spille vill verschidde Facteure mat. Esou huet d’Masseproduktioun, wou vill Main d’oeuvre gebraucht gëtt, ofgeholl dogéint spillen den technesche Progrès an d’Digitaliséierung ëmmer méi eng grouss Roll. Derbäi kommen nei Aarbechtsformen.
Zu Lëtzebuerg ass d’Part vun de Résident-Salariéen, déi affiliéiert sinn, am leschte Joerzéngt ëm méi wéi een Drëttel zeréckgaangen. Dës louch 2019 elo bei engem Véierel.
45% vun de Concernéierte si beim OGBL, bal 26% beim LCGB a bal 20% bei der CGFP.