
Dëse soll zu Noutem entstoen. D’Konzept dovunner gouf scho Mëtt Dezember zejoert Joer dem Gesondheetsministère virgestallt. Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro.
Geduecht ass deemno e regruppéierte Projet mat Generalisten, Spezialisten, Kinéen, engem Labo an och enger Apdikt.
Am Allgemenge recommandéiert d’Santésdirektioun, dass eng Gemeng op d’mannst 2.500 Awunner soll hunn, fir eng éischt Apdikt z’accordéieren. An dësem Fall misst een awer berécksiichtegen, dass d’Distanz zu der nächster Apdikt relativ wäit wier, sou dass eng nei Apdikt do och éischter ze justifizéiere wier, ass an der Äntwert ze liesen.
Detailer iwwert e méiglechen Datum, wéini de Projet konkret soll ëmgesat ginn, ginn net genannt.