24,2 Milliounen Euro am Joer 2023Glécksspill fëllt d'Keese vum Staat nawell gutt

Roy Grotz
De Staat profitéiert via Steierrecettë gutt un de Slot-Maschinnen, de Kaartespiller an dem Roulette, déi am Munnerëffer Casino ugebuede ginn.
© RTL-Archiv

Sou waren dëst zejoert Recetten an Héicht vun 24,2 Milliounen Euro, déi als Brutto-Recetten an d’Staatskeese gefloss sinn. 2021 an 2022 waren et an der Moyenne eng 21 Milliounen. Am Pandemie-Joer 2020 waren d’Recetten op nëmmen 12 Milliounen an de Keller gaangen.

Dës Chiffere liwweren d’CSV-Ministere Margue a Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Diddelenger LSAP-Duo Di Bartolomeo a Biancalana.

Wéi et heescht, wier de Munnerëffer Casino dat eenzegt Etablissement, wou Glécksspiller dierfen offréiert ginn - eng aner Demande, fir e Casino opzemaachen, géif et aktuell keng ginn.

Eng Lëscht iwwert Bistroen an aner Plazen, wou Spill-Apparater stinn, wou et keng Suen ze wanne ginn, gëtt et keng.

Explizitt aus dem Gléckspillgesetz vun 1977 ausgeklamert, ass d’Loterie Nationale, déi iwwert aner legal Texter gereegelt gëtt.

Dat Gesetz aus de 70er Joren ass iwwerdeem vereelzt, erklären d’zoustänneg Ministeren a präziséieren, datt un enger Reform vun dësen Texter geschafft gëtt, sou datt och d’Lutte géint nei illegal Glécksspiller méiglech gëtt.

Back to Top
CIM LOGO