Zu Biissen ass den Ament geplangt, an zwou Phasen ze bauen. Jee nodeem, wéi d’Prozeduren elo verlafen, kéint déi éischt Phas 2023/2024 ofgeschloss sinn. Creos kéint de Stroum fir den Ofschloss vun der éischter Phase garantéieren. Gekuckt op 2018 géif den Datenzenter 7 Prozent vum nationale Stroumverbrauch ausmaachen.
Déi zweet Phas kéint dann ëmgesat ginn, wa Creos seng Capacitéiten ausbaut. Ass déi zweet Phas ofgeschloss, léich ee bei 12 Prozent vum nationale Stroumverbrauch, och hei par Rapport zu 2018.
De Fabien Vieau, Responsabele fir d'Datenzentren an Europa, sot am RTL-Interview, et géif een och analyséieren, fir eng Photovoltaikanlag ze installéieren, dës kéint awer nëmmen e Brochdeel un Energie liwweren.
D’Killung bléift déi zweet Contrainte
D'Iddi ass et mam Uelzecht-Waasser, dat e puer Kilometer iwwert eng Leitung op de Site muss bruecht ginn, ze killen. D'Experte schwätze vum sougenannte free cooling. Et wéilt een esou passiv wéi méiglech killen. Féiert d'Uelzecht net genuch Waasser, grad iwwert déi waarm Summerméint, kéinten d'Autoritéiten d'Notze vum Waasser verbidden. Hei wier d'SEBES-Drénkwaasser als Backup an der Diskussioun, esou déi Responsabel vu Google.
Zanter 2016 huet een no passenden Terrainen am Grand-Duché gesicht. Lëtzebuerg wier aus verschiddene Grënn als Standuert interessant. Geografesch, well een am Häerz vun Europa läit. Da wieren déi néideg Infrastrukturen, wéi de Glasfaser-Reseau do. An et kéint ee sech an engem stabillen Ëmfeld entwéckelen. Souwuel politesch, wéi klimatesch a seismesch.
An der Hal Frounert zu Biissen ass en Donneschdeg den Owend um 18 Auer eng Informatiounsversammlung iwwert de geplangten Datenzenter vu Google.
Invitéiert sinn sämtlech Awunner aus der Gemeng, fir vu Google selwer matgedeelt ze kréien, wou een am Dossier vum geplangten Datenzenter drun ass, a wat um Busbierg soll entstoen.
Duerch zwee Investissementer vun allkéiers engen 600 Milliounen € soll an zwou Phasen en Datenzenter entstoen, krute mer vum Google-Responsabelen fir d’Entwécklung vun den europäeschen Datenzentren dës Woch confirméiert.
Entstoe sollen 2 Gebaier, déi zirka 30.000 m2 grouss wieren, a maximal 25 Meter héich, mat 2 Stäck.
Als méigleche Kill-System fir d’Serveren wier d’Uelzecht eng Optioun.
An engem Communiqué vun en Donneschdeg de Moien, appelléiert d’JDL, déi Jonk Demokraten iwwerdeems un d’CSV an un d’ADR, mat hire populistesche Positiounen géintiwwer dem Dossier Google opzehalen. Déi wirtschaftlech Diversifikatioun vum Land wier eng Noutwendegkeet, a verschidde Parteie géifen zukunftsorientéiert Aarbechtsplazen aus parteipolitesche Grënn probéieren op d’Spill ze setzen.
Google-Datenzenter: "Mir wëllen op Lëtzebuerg kommen"