
An Europa gouf et nämlech e Pic vu 50% tëscht Enn Mäerz an Ufank Abrëll. Dat geet aus Chiffere vum franséischen Institut fir Statistiken ervir. Spuenien, d’Belsch, Italien a Frankräich sinn d’Länner, déi am meeschte betraff waren. Ma wéi gesäit et fir Lëtzebuerg aus?
D’Paulette Lenert präziséiert an hirer Äntwert, datt dee Pic vu 50% sech op eng spezifesch Woch am Mäerz, vum 14. bis den 30. fir genee ze sinn, berifft.
An där Woch si 50% méi Leit an Europa gestuerwe wéi tëscht 2016 an 2019 an der nämmlechter Zäitspan. Fir Lëtzebuerg läit dee Prozentsaz fir déi 14. Woch vum Joer bei 10%.
Den héchsten Taux war hei am Land awer eng Woch méi spéit a louch tëscht dem 6. am 12. Abrëll bei 64%. D’Ministesch präziséiert, datt den héijen Taux awer just eng Woch ugehalen huet.
An deene Länner, déi eng Stierflechkeet iwwer 50% verzeechent haten, huet déi allerdéngs 3 bis 5 Wochen ugehalen. Donieft géif aus der Etüd net ervirgoen, vu wou d’Donnéeën aus Lëtzebuerg kéimen, ob vum Statec oder vun der Santé.
Den Donnéeën aus dem Regëster vun den Doudesursaachen no louch d’Stierflechkeet an der 15. Woch vum Joer bei 40%, 110 Leit wieren deemno dëst Joer an där Period gestuerwen an 79 an der Moyenne an deene 4 Joer virdrun. Am éischte Semester vum Joer weist sech awer, datt et keng Hausse vun der Stierflechkeet am Grand-Duché gouf.
An de leschte 4 Joer louch d'Moyenne vun Doudesaffer bei 2065, dëst Joer sinn an där Zäit 2062 Persounen ëm d'Liewe komm, heescht et nach an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro.
