Situatioun am OfwaasserGräifen déi nei sanitär Restriktioune schonn?

RTL Lëtzebuerg
Bis zu 3x d’Woch gi Prouwen an den 13 Kläranlagen am Land geholl...
Situatioun am Ofwaasser
Bis zu 3x d’Woch gi Prouwen an den 13 Kläranlagen am Land geholl... Ma gräifen déi nei Mesure schonn?

Zanter enger Woch gëllen déi nei Corona-Restriktioune vun der Regierung. Ee vun de villen Indicateuren opgrond vun deenen d’Regierung nei Mesuren decidéiert, ass jo d’Präsens vum Virus am Ofwaasser vun de Kläranlagen.

De Virdeel vun dësen Analyse par rapport zu de PCR-Tester, ass datt se en Iwwerbléck iwwer d’Gesamtsituatioun am Land bidden. Jidder Resident mécht automatesch mat. Ausserdeem si se de PCR-Tester e puer Deeg viraus. Wat seet d’Ofwaasser eis iwwer di aktuell Situatioun?

Ofwaasser Analysen: Gräifen di nei sanitär Restriktioune schonn?

Bis zu 3x d’Woch gi Prouwen an den 13 Kläranlagen am Land geholl. An zu Bieles beim List am Laboratoire op Réckstänn vum Sars Cov2 analyséiert, déi duerch de Stull vun infizéierte Persounen an d’Ofwaasser geroden. An den Analyse vum Dënschdeg  waren der nees méi dran. De Henry-Michel Cauchie ass doduerch awer net beonrouegt. Et géife Schwankungen an de Resultater, well een eben ëmmer just eng Waasser Prouf analyséiere géif an net dat ganzt Waasser.

Wéinst dëse punktuelle Variatiounen ass eng Tendenz no uewen oder no ënne just iwwer en Zäitraum vun e puer Wochen ze erkennen. Ma zanter dem Peak Enn Oktober géif et eng Tendenz no ënne ginn, ma den Niveau géif weiderhin héich bleiwen .

Wéi vill Persounen am Land mam Coronavirus infizéiert sinn, kann de Fuerscher haut nach net soen. Zil ass et dat awer enges Daags unhand vun der Konzentratioun vu SARS-CoV-2 am Ofwaasser kënne festzeleeën.

Méi wéi 2-3 Deeg Virsprong op d’Resultater vun de PCR Tester bidden och d’Prouwen aus dem Klärwaasser net. Dat läit dorunner datt de Virus sech réischt mat den éischte Symptomer am Stull weist an net schonn an der Inkubatiounszäit. Iwwer Stull vun asymptomatesche Persoune ginn et nach net genuch Donnéeën.

Fest steet deemno, datt et och iwwer d’Ofwaasser nach ze fréi ass fir ze soen ob an a wéi engem Mooss déi nei Restriktiounen, déi virun 8 Deeg a Kraaft getruede sinn, schonn en Impakt weisen. Mat enger éischter Tendenz ass am Laf vun nächster Woch ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO