
Et ass dëst Joer allerdéngs déi éischte Kéier, datt de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie am Zentrum vun de Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag stoe wäerten. Nieft der groussherzoglecher Koppel wäerten och Deputéiert, Diplomaten a d'Membere vu Regierung, Staatsrot a Justiz un der Zeremonie deelhuelen, genee wéi Membere vum Gemengerot a vun der Stad Lëtzebuerg. Ma och Memberen aus dem Public kënnen deelhuelen!
Wie keng offiziell Invitatioun krut a sech den Event nawell net wëll entgoe loossen, dee ka sech vun en Dënschdeg 9 Auer un iwwert de Site www.gouvernement.lu umellen. Wéi d'Matdeelung aus dem Staatsministère preziséiert, sollt ee sech awer bäimaachen: "Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt."
D'Zeremonie ass den Dënschdeg, den 23. Juni ëm 10 Auer an der Philharmonie.