D’Friichten, déi hei am Land wuessen, solle verwäert ginn an net ongenotzt verfaulen. En Engagement, vun deem een och nach eppes huet, nämlech gratis Uebst an Nëss hei aus dem Land.
D’Déifferdenger Pléckerte sinn d’lescht Joer vun der Sozialkommissioun an der Gemeng Déifferdeng initiéiert ginn. Eng 30 Benevollen engagéiere sech zënter dem Ufank vun der Recoltesaison dofir, dass d’Friichte vun de Gemengebeem gepléckt ginn. Kiischten, Äppel a Biere konnte si esou scho recoltéieren an de soziale Strukturen aus der Gemeng, wéi Jugendhaiser oder Schoulen, zur Verfügung stellen. Do léieren d’Kanner da Viz, Kompott oder Gebeess doraus ze maachen. Si beschränke sech awer net just op d’Gemengebeem, och Privatleit kënnen d’Déifferdenger Pléckerten fir en Asaz am Gaart oder Bongert ruffen. Zum Beispill, wa se ze vill Uebst hunn oder d’Aarbecht eleng net méi packen.

D’Aktioun "Gielt Band", déi dëst Joer vum Landwirtschaftsministère an dem Gemengesyndikat Syvicol an d’Liewe geruff gouf, huet zum Zil, de Bierger den Accès zu de Gemengebeem ze erméiglechen. Bis ewell huet ee just mat enger Erlabnis vun der Gemeng d’Friichte vun de Gemengebeem dierfe plécke goen. Wann dës Beem elo mat engem giele Band gekennzeechent sinn, dann ass d’Plécken offiziell erwënscht. Dëst Joer maachen eng 33 Gemenge beim Projet mat an eng geschätzten 3.000 Beem wäerte mat giele Kottengsbännercher, op deenen "Hei dierft dir plécken!" steet, gekennzeechent sinn.
Sou erméigleche souwuel d’Déifferdenger Pléckerten, wéi och d’Aktioun "Gielt Band" jidderengem gratis Friichte vun heiheem ze genéissen an domadder aktiv eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung ze maachen.