Kompensatiounsfong vun der RenteversécherungGreenpeace fuerdert: "Et muss ganz staark nogebessert ginn"

RTL Lëtzebuerg
Dat soe Greenpeace an d'Action Solidarité Tiers Monde iwwert d'Investitiounsstrategie vum Renteversécherungs-Kompensatiounsfong fir déi nächst Joren.
© AFP

Iwwer déi Strategie gëtt en Donneschden an der Chamber debattéiert. Insgesamt, sou d’Martina Holchbach vu Greenpeace, wier dës Strategie besser, wéi déi aktuell. An awer: “Wir vermissen ganz stark die Festschreibung des Pariser Klimaschutzabkommens in der Strategie. Sie ist nicht vorhanden. Wir sehen auch nicht, dass Kriterien genannt werden, wie klimaschädliche Unternehmen ausgeschlossen werden könnten.”

Greenpeace ASTM FDC

Déi nämmlecht Kritik formuléiert d’ASTM, wat Entreprisen ugeet, déi d’Mënscherechter net respektéieren. Och hei wier de Kompensatiounsfong net kloer, no wéi enge Krittären Firmen ausgeschloss kéinte ginn.

Uganks Januar haten d’Vertrieder vum Salariat am Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong géint déi nei Strategie gestëmmt, well si Investitiounen an d’Atomenergie net ausschléisst. Den zoustännege Minister Claude Haagen hat géintiwwer RTL argumentéiert, den aktuelle Gesetzeskader géif et net zouloossen, ganz Secteuren ze ecartéieren. De Martin Granzow vun der Firma Nextra, déi fir Greenpeace an d’ASTM eng Expertise gemaach huet, deelt déi Lecture vum Kadergesetz net.

“Man muss investieren in verschiedene Anlagekategorien und in verschiedene Sektoren. Sie besagt aber eben nicht, dass man in alle Sektoren investieren muss.”

Eng Gesetzesännerung ass deemno aus der Vue vun den ONGen net noutwenneg, fir d’Investitiounspolitik vum Kompensatiounsfong méi nohalteg ze maachen. Mee sou d’Martina Holbach:

“Es besteht offensichtlich kein Wille beim FDC, Sektoren oder kritische Aktivitäten auszuschließen.”

An dat obwuel, dat d’Rentabilitéit vum Fong net géif a Gefor bréngen. Et wier net nozevollzéien, sou den Martin Granzow:

“Weshalb der FDC Nachhaltigkeit als problematisch anerkennt. Wir sehen die entgegengesetzte Argumentation. Man kann über die Berücksichtigung von Nachhaltigkeit Risiken aus dem eigenen Portfolio eliminieren und gleichzeitig noch Renditeschancen wahrnehmen.”

Dofir hofft D’Martina Holbach, datt:

“Die Abgeordnetenkammer am Donnerstag ein Signal an den Minister sendet und sagt: Nicht unterzeichnen, sondern nachbessern.”

D’ONGen, déi am Virfeld weder vum Kompensatiounsfong, nach vum Minister nach vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugehéiert gi waren, ruffen fir en Donneschden, hallwer zwou, zu enger Maniff virun der Chamber op.

Hei de gemeinsame Communiqué vu Greenpeace an ASTM:

Back to Top
CIM LOGO