
An engem Café goufen dann och ronn 160 Gramm Haschisch souwéi 10,5 Gramm Kokain entdeckt a séchergestallt. Donieft krut eng Persoun wéinst dem Besëtz vun Haschisch e Protokoll an och an dësem Fall goufen d’Droge séchergestallt. Zwou Persoune goufen iwwerdeems wéinst deem selwechte Verstouss verwarnt. Si haten eng méi kleng Quantitéit bei sech.
Am Ganze waren 29 Poliziste bei der Kontroll bedeelegt.