PoliceGréisser Drogekontroll ronderëm d'Ettelbrécker Gare

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend gouf et zu Ettelbréck an der Géigend vun der Gare eng gréisser Drogekontroll.
© Police

An engem Café hunn d’Beamten eng kleng Quantitéit Cannabis fonnt. An engem weidere Lokal huet ee bei enger Persoun Drogen an eng Patroun fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf spéiderhin d’Haus vun där Persoun duerchsicht. Hei konnt ee weider Drogen an eng Waff sécherstellen. De Verdächtege gouf festgeholl.

Donieft hunn d’Beamten eng Persoun kontrolléiert, déi illegal am Grand-Duché war.

Back to Top
CIM LOGO