
3 Autoe sinn do kollidéiert. De CGDIS schwätzt vun 3 Blesséierten. De Samu an de Rettungshelikopter waren op der Plaz.
De CGDIS war vun e Samschdeg den Owend bis e Sonndeg an der Nuecht op nach 5 weidere Plazen am Asaz. Ënner anerem zwee Mol well et gebrannt hat.
Dat war zum zum Beispill géint 17.20 Auer e Samschdeg den Owend zu Rëmerschen an der Wäistrooss de Fall. Hei hat e Pizza-Uewen gebrannt. D’Asazzentere vu Shengen, Réimech, Munneref, Diddeleng an d’Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.
Kuerz no 22 Auer hat dann e Kamäin an der Haaptstrooss zu Iener Feier gefaangen. Och hei gouf kee blesséiert.
Um 21.06 hate sech an der Rue Basse zu Kënzeg 2 Autoen ze pake kritt. De Rettungsdéngscht vu Käerjeng an d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz fir sech em eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Géint 0.20 Auer e Sonndeg de Moien gouf dann en automateschen Alarm ausgeléist. Dësen hat ugewisen, dass an der Avenue de la Libération zu Schëffleng e Motocyclist gefall wier. Den Alarm hat sech awer als falsch erausgestallt.
Um 07.24 Auer hat sech dann op der héicht vu Colmer-Bierg op der A7 en Auto iwwerschloen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Biissen a Colmer-Bierg an d’Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordsad waren op der Plaz.