JALUX 2026Gréisste wëssenschaftlechen Event fir d'kulturellt Iewen an der Groussregioun ass lancéiert

David Winter
De Programm vun der JALUX dëst Joer, deen iwwer zwee Deeg wäert lafen, deckt e breede Spektrum vun der Urgeschicht bis hin zu der Neizäit of.
© INRA/Shawn Gindt

De Kulturminister Eric Thill huet en Donneschdeg den 1. Oktober 2026 déi 5. Journées d'actualité de la recherche archéologique (JALUX) zu Esch-Belval lancéiert. Organiséiert gëtt dësen Dag vum Institut national de recherches archéologiques (INRA). Mat ronn 200 Participanten huet sech d'JALUX zum gréisste wëssenschaftlechen Event fir d'kulturellt Iewen an der Groussregioun entwéckelt.

A senger Ried huet de Kulturminister, dass déi politesch Ënnerstëtzung fir d'Archeologie zu Lëtzebuerg geséchert wier an de Staat mat Hëllef vun engem Gesetz aus dem Joer 2022 d'Käschte fir Ausgruewungen a Fuerschungen zu 100% iwwerhëlt. Weider huet hien d'Kooperatioun tëscht dem INRA an der Universitéit Lëtzebuerg gelueft, eng Kooperatioun, déi schonn zu enger Abberzuel u Projeten a Konferenze gefouert huet.

De Programm vun der JALUX dëst Joer, deen iwwer zwee Deeg wäert lafen, deckt e breede Spektrum vun der Urgeschicht bis hin zu der Neizäit of. Hei gi lokal Gruewunge presentéiert, awer och déi innovativ Usätz, wéi beispillsweis déi Kënschtlech Intelligenz oder digital Toolen.

Déi staark Präsenz vun internationale Fuerscher, privaten Acteuren a Partner aus der Groussregioun géif weisen, dass déi Lëtzebuerger Archeologie fest an engem dynameschen europäesche Fuerschungsnetzwierk verankert ass.

Hei de komplette Communiqué vum Institut national de recherches archéologiques (INRA)
Esch-Belval, les 1er et 2 octobre 2026 : 5e Journées d'actualité de la recherche archéologique au Grand-Duché de Luxembourg (01-02.10.2026) Communiqué par : Institut national de recherches archéologiques (INRA)

Back to Top
CIM LOGO