RegierungsrotGréng Luucht fir d'Reform vum Gemengegesetz
An der Haaptsaach sollen domat eng Rei punktuell Changementer gemaach ginn, wéi de Gemengen- a Schäfferot fonctionéiert a wéi d'Bierger informéiert ginn.
Donieft gëtt eng “Initiative citoyenne communale” agefouert. Iwwert dee Wee sollen d’Leit hir Erwaardungen un déi gewielte Vertrieder kënnen ausdrécken an och eng Äntwert respektiv eng Decisioun kréien.