Invité vun der Redaktioun (19. Februar) - Guy FeyderGréng politesch Ziler an der Landwirtschaft sinn net realistesch

Pit Everling
En Dënschdeg de Moien war den neie Mann un der Spëtzt vun der Landwirtschaftskammer eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guy Feyder
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Volet Landwirtschaft am Koalitiounsaccord dréit déi gréng Handschrëft, et wier kloer wie sech hei duerchgesat hätt. Dat sot den neie President vun der Landwirtschaftskammer en Dënschdeg de Moien op der Antenn vun RTL.  De Guy Feyder bedauert, datt d’Volonté politique sech Ziler géing setzen, ouni déi ekonomesch Realitéiten ze bedenken.
D'Landwirtschaft géing vun de Marchéen ofhänken. D’Bioproduite representéieren zum Beispill 1% vun de Venten, esou de Guy Feyder.

Wat d'Ofschafe vum Glyphosat ugeet, verweist de President vun der Chambre d'agriculture drop, datt Frankräich zeréckruddert. Bei de Bauere géing ee sech op alle Fall vill Gedanke maachen a sech froen, wou d'Rees higeet.

Mam Naturschutzgesetz wier den Drock um Land nach méi grouss ginn. Dee wier elo schonn enorm. D'Gemengen an de Staat géinge Land opkafen, d'Präisser géingen an d'Luucht gedriwwe ginn. Leit, déi net aus dem Secteur kéimen, géinge spekuléieren. De Bauer wier dacks de Perdant.

Aus der Utilité publique géing leider dacks eng Utilité privée ginn, bedauert de Guy Feyder. D'Pläng fir d'Jughurtsfabréck oder fir grouss Logementsprojete géinge weisen, datt et an deem Beräich eng ëffentlech Debatt sollt ginn.

Bei de Waasserschutzzone ronderëm de Stauséi gëtt et vun der Landwirtschaftskammer zolidd Kritik um Projet, dee virläit. Et hätt een et leider mat enger maximalistescher Approche ze dinn, fir wëlle Waasserschutz ze bedreiwen, dobäi wier d'Realitéit déi, datt d'Qualitéit vum Waasser och elo scho gutt wier. Et wier een oppen, fir ze diskutéieren, mä déi Bauerebetriber ronderëm de Stauséi misste kënne weider existéieren.

D’Bauere wieren iwwerdeems iwwerrascht gewiescht, datt mam Romain Schneider d’LSAP de Landwirtschaftsminister stellt, mä hien hat jo scho viru 5 Joer dee Ressort. Et wier een dowéinst voller gudder Hoffnung, datt ee mat him gutt zu Wee kéim.

Wat d'Chambre d'agriculture selwer ugeet, sou wier et un der Zäit, fir sech no 30 Joer selwer op de Leescht ze huelen an dem Zäitgeescht entspriechend ze evoluéieren.

En Dënschdeg de Moien war den neie Mann un der Spëtzt vun der Landwirtschaftskammer eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO