Medezinesch Examen an de SpideelerGrënn fir Waardezäite wiere villfälteg, ma Noutfäll hätten ëmmer Prioritéit

Lynn Cruchten
Ob Mammographie, Daarm- a Mospigelung oder IRM-d'Patiente mussen deels nach ëmmer laang op ee Rendez-vous waarden.
D’Grënn fir Waardezäite wiere villfälteg, ma Noutfäll hätten ëmmer Prioritéit
Ob Mammographie, Daarm- a Mospigelung oder IRM - d’Patiente mussen deels nach ëmmer laang op ee Rendez-vous waarden.

D’Grënn wiere villfälteg, heescht et vun de medezinesche Responsabelen. Et gëtt awer ënnerstrach, dass Noutfäll ëmmer Prioritéit hunn.

Am 15 bis 20 Minutten-Takt ginn am Spidol Patiente via Scanner, IRM oder an der Mammographie ënnersicht. D’Demande no esou Untersuchungen ass grouss an d’Waardezäiten, fir e RDV ze kréien, trotz Efforten ëmmer nach laang.

“Bei der Mammographie fir den Depistage, déi déi vum Ministère ordonéiert sinn, do leie mer de Moment bei 20 Deeg,” seet Dr. Martine Goergen Generaldirektesch am CHL. A bei deene fir den Diagnostik, dat sinn déi, déi vun engem Gynekolog geschéckt ginn, fir iergendeng Suspicioun oder esou, do hu mer jo verschidde Klassifikatioune gemaach, an do leie mer de Moment bei 30 Deeg.”

All d’Spideeler am Land géifen awer versichen, d’Capacitéite méi wäit opzemaachen, andeems se deels och méi spéit owes a weekends Patiente fir esou medezinesch Examen empfänken. Et wier op alle Fall nach Loft no uewen. Eng Verbesserung vun de Waardezäite wier och am Beräich vun de Mo- an Daarmspigelungen néideg.

“Net méi spéit wéi gëschter huet de Minister jo e Communiqué erausginn, wou elo zum Beispill den Depistage schonn ab 45 Joer proposéiert gëtt, fir esou e Stullganktest ze maachen. Dat ass u sech eng gutt Saach, mee de Problem entsteet dann, wann esou e Stullgank positiv erëmkënnt, da brauchen déi Leit e RDV,” esou den Dr. Alain Schmit, Gastro-Enterolog a President AMMD.

“Dat läit un der medezinescher Entwécklung op där enger Säit, an anerersäits och do erëm eng Kéier un der Explosioun vun der Bevëlkerung,” gëtt den Dr. Marc Berna, Generaldirekter HRS, ze bedenken.“A wa mer dat am Detail analyséieren, da stelle mer fest, dass mer, fir der Demande gerecht ze ginn, verschidde Saache brauchen. Mir brauchen eng Kéier Kompetenzen, also Leit, déi am System schaffen, mir brauchen Apparater a mir brauchen Infrastrukturen.”

Et géif awer vill ënnerholl ginn, fir de Besoine vun der Bevëlkerung gerecht ze ginn, seet de Marc Berna, deen den ëffentleche Lëtzebuerger Gesondheetssystem am Grousse Ganzen als exzellent ugesäit. Kritik dogéint vum Alain Schmit, dee bedauert, dass een un d’Spideeler an deenen hire Personalschlëssel gebonnen ass. Hie wënscht sech manner Plangwirtschaft a méi Flexibilitéit. Sou dass d’Dokteren och privat Untersuchunge kéinten ubidden.

Dat gesäit d’Martine Goergen, Generaldirektesch vum CHL anescht. “Mir fanne scho keng Dokteren, wa se dann och nach nëmme privat ginn a keng Kontinuitéit an engem Haus maachen, da gëtt dat ëmmer nach méi schwéier, fir ze assuréieren.”

Schwéier z’assuréiere sinn och d’Rendez-vousen am eenzege P.E.T.-Scan hei am Land. D’Maschinn ass an der Lescht e puer Mol wéinst Iwwerbelaaschtung en Panne gefall.

En zweete P.E.T.-Scan soll Ugangs 2025 a Betrib goen. Fir z’iwwerbrécken kéint ee vun dësem Oktober un eng mobil Maschinn geléint kréien.

Back to Top
CIM LOGO