Ënner anerem war dat e Mëttwoch de Moien de Fall zu Schëtter, wou de Paschtouer Nico Schartz a seng Mataarbechter eng feierlech Mass gehalen hunn. Duerno, um 12 Auer, goung et op der Kierfecht. Dëse läit direkt bei der Kierch zu Schëtter.
Fir vill Leit ass Allerhellegen an Allerséilen e wichtegen Dag am Joer. Si kommen op d'Griewer, wou hir Verstuerwe begruewe sinn. D'Sonn war souguer eraus luusse komm, wei de Paschtouer an Diakonen déi eenzel Griewer zu Schëtter geseent hunn.