PoliceGrouss Alkoholkontroll am Raum Miersch - Kee Führerschäin agezunn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend tëscht an 20 an 22.30 Auer huet d'Police op Uerder vum Parquet eng gréisser Alkoholkontroll gemaach.
© RTL-Archiv

Kontrolléiert gouf zu Brouch an zu Miersch. 314 Automobilisten hunn en Alkoholtest musse maachen. Just 3 mol war de Wäert ze héich an e Protokoll gouf geschriwwen. Et war awer keen esou héich, dass de Führerschäin hätt mussen agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO