Et ass sécherlech eng vun den Erfollegsgeschichte vun der Regierung Bettel 1. D’Reform vum Congé parental huet doraus e grousse Succès gemaach. A virun allem notzen antëscht och vill Männer dës Méiglechkeet, fir eng Zäit laang am Job méi kuerz ze trieden an déi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. D’Kannerbetreiung hält allerdéngs mam Congé parental net op an déi mam Job ënnert een Hutt ze kréien, ass fir vill Famillen och duerno nach schwiereg. Eng Solutioun ass, seng Aarbechtszäit ze reduzéieren. Eng Solutioun, déi awer wéi et schéngt virop Frae gesinn.
Zejoert hu méi wéi 11.000 Mënschen hei am Land Congé parental ugefrot. Eppes méi wéi d’Hallschent dovu ware Männer. E Fortschrëtt deemno fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra. Gläichzäiteg constatéieren d’Gewerkschaften, dass vill Männer dee Choix awer nach schwéier gemaach kréien.
D’Michelle Cloos vum OGBL: “Mir constatéieren um Terrain, dass heiansdo méi Demande do ass wéi Akzeptanz an de Betriber, well do leider heiansdo eng réckstänneg Mentalitéit ass. Fraen, dat sinn déi, déi schwanger ginn, dass déi dann eng Zäit ausfalen, dat ass quasi mat ageplangt, mä wa Männer dann hiert Recht wëlle valabel maache fir e Congé parental, da gëtt ugefaangen, mat hinnen ze diskutéieren. Muss dat da sinn, mir brauchen dech awer, geet dat net anescht? An do ass e gewësse Stigma, deen un de Männer haft.”
E Stigma, deen et de Männer dann och méi schwéier mécht, nom Congé parental weider am Temps partiel ze schaffen, fir en Deel vun der Kannerbetreiung z’iwwerhuelen. Iwwerhaapt schéngen déi klassesch Stereotyppen awer och an de Koppele selwer weider ze bestoen. Anescht wier et wuel kaum z’erklären, dass ganzer 78 Prozent vun de Leit, déi Deelzäit schaffen, Frae sinn. Een Usaz, fir dat ze änneren, wier bei der Erzéiung, mengt d’Audrey Bousselin vum sozio-ekonomesche Fuerschungszenter Liser.
Audrey Bousselin: “Là-dessus on a un grand travail d’éducation à faire en ce moment non seulement au niveau des pères et des mères, mais plutôt au niveau des enfants, les garçons et les petites filles à être informés que les responsabilités parentales sont partagées au sein du couple.”
Ma wärend den Temps partiel engem kuerzfristeg d’Liewe méi einfach mécht, dierft een d’Konsequenzen dovun op laang Siicht net ënnerschätzen, esou den Appell vum OGBL. Net nëmmen, dass ee manner Sue kritt a riskéiert, a senger Karriär manner gutt virunzekommen, ma och d’Pensioun fält um Enn méi kleng aus, wéi d’Michelle Cloos betount.
Michelle Cloos: “Zu Lëtzebuerg wësse mir, dass mir ee vun deenen héchste Pension Gaps, dat heescht Differenz an de Pensiounen tëscht de Männer an de Fraen hunn. Dee läit bei 44 Prozent, dat ass wierklech enorm an och vill méi héich wéi den Ecart salarial. Do misst een am Fong drop agéieren. Mir wëssen, dass deen Ecart an der Pensioun duerch d’Interruptiounen an der Karriär vun der Fra kënnt an och den Temps partiel do eng grouss Roll spillt.”
Nieft engem Changement an der Mentalitéit bräicht et awer och entspriechend Strukturen, fir d’Kanner ze versuergen, esou d’Audry Bousselin.
“Le levier c’est offrir des modes d’accueil qui soient disponibles, adaptées à un emploi à temps complet, à proximité du domicile. Et c’est aussi faciliter les efforts des pères dans la prise en charge des enfants puisqu’il y a le mode garde externe mais il y a aussi l’implication des pères.”