
Vum 1. Januar u gëtt den Tourismusverband vun der Regioun Mëllerdall vum Linda Salentin geleet.
Ewell virun engem hallwe Joer hat et eng personell Neiorientéierung un der Spëtzt vum ORT-Mëllerdall ginn, wéi de Christophe Origer neie President ginn ass, deen dëst Joer beim ORT-Mëllerdall een Drëttel vun de Personalkäschten aspuere wëll.
Et stëmmt awer net, wéi et déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain an enger parlamentarescher Fro behaapt, datt d'Generaldirektioun Tourissem de Budget fir den ORT erofgesat hätt.
Dat äntwert de Mëttelstandsminister Lex Delles, deen drop opmierksam mécht, datt déi 5 ORTen am Land dëst Joer bal 1,9 Milliounen u Subventioune vum Staat kréien - eleng den ORT-Mëllerdall kritt 430.000 Euro.
D'Suen, déi an d'Tourismus-Regioune fléissen, sinn dem Lex Delles no dann och zanter 3 Joer net méi u Personal-Fraise gebonnen.
Ugeschwat op d'Fro, ob d'ORTen net missten hire Fonctionnement iwwerdenken, äntwert de Minister Delles, datt d'sanitär Kris eng grouss Erausfuerderung fir all Acteuren aus dem Tourismussecteur géif duerstellen.
De Ministère wier duerfir a permanentem Kontakt mat den Acteuren, fir Synergien ze schafen - domat evitéiert de Minister, op d'Fro vun der Madamm Empain ze äntweren, ob Adaptatiounen, also eventuell och Fusiounen oder e grousst Zesummeleeë vun allen 5 ORTen, dës Tourismusverbänn méi staark géife maachen.
Vun esou enger Fusioun wier dann och eventuell nieft den ORTen den LCTO betraff - oder eeben och net, wann den Tourissem an der Haaptstad weider dezentral geréiert gëtt.
Wéi de Mëttelstandsministère wësse léisst, wiere keng Fusioune vun ORTe geplangt.
