94 Avertissements taxésGrouss Tuning-Kontroll zu Conter

RTL Lëtzebuerg
29 Poliziste waren an der Nuecht op e Samschdeg zu Konter bei enger Verkéierskontroll am Asaz.

Engersäits goufen den allgemengen Zoustand an d’Pabeiere vun de Gefierer kontrolléiert. Ma well déi sougenannten Tuning-Zeen besonnesch am Fokus vun de Kontrolle stoung, gouf och gekuckt, ob d’Ännerungen, déi un de Gefierer virgeholl goufen, konform mam Code de la Route waren an ob se déi gro Kaart agedroe goufen.

Am Ganzen haten d’Poliziste 94 Avertissements taxés geschriwwen. An 2 Fäll gouf festgehalen, dass de Chauffer mat sengem Gefier op de Contrôle technique fuere misst a 4 Gefierer goufen op der Plaz ofgeschleeft.

© Police

Back to Top
CIM LOGO