An den ZichGrouss ugeluechten Drogekontroll zu Hollerech

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg waren tëscht 10 a 14 Auer 18 Polizisten grad ewéi Sichhënn vu Police an Douane am Asaz, fir Drogekontrollen an den Zich ze maachen.
© Police

Et goufe 6 Zich kontrolléiert, an deene 6 Persounen ugetraff goufen, déi sech illegal am Grand-Duché opgehalen hunn an domat géint d’Immigratiounsgesetz verstouss hunn. Eng Persoun gouf an de Centre de rétention.

Bei 25 Persounen hat den Drogesichhond ugeschloen, bei enger Persoun goufe geklaute Géigestänn fonnt.

Da goufen nach 2 Persounen ugetraff, déi national gesicht goufen.

Alkoholkontrollen um Donneschdeg

En Donneschdeg huet d’Police tëscht 19 an 20 Auer op der N10 zu Waasserbëlleg an tëscht 21 an 22 Auer um CR135 zu Berbuerg Alkoholkontrolle gemaach. 276 Automobilisten hu sech der Kontroll missten ënnerzéien, och ouni Unzeeche vun Alkoholafloss. An dräi Fäll ass d’Resultat positiv ausgefall an zwee Permise missten op der Plaz zeréckgezu ginn.

Dës wiedere gouf een Auto ouni eng valid Contrôle technique erwëscht, de Chauffeur krut 145 Euro Protokoll an zwee Punkten um Permis fortgeholl. Een anere Chauffeur hat seng Pneuen ze vill ofgefuer. Wëll hien déi 1,6 Millimeter Mindestprofil net erfëllt huet, misst hien och 145 Euro bezuelen a krut 2 Punkten ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO