
E groussen Deel dovu kann awer recycléiert ginn. Och wann dës Fläschen, Folien a Barquetten dofir e klengen Ëmwee duerch d'Ausland musse maachen.
Glas gëtt zum Beispill integral am Ausland recycléiert. Déi gliese Verpackunge gi geschmolt, wouraus dann zum Beispill erëm nei Fläsche gemaach ginn. Vun de knapp 23.700 Tonnen u Glas, déi d'lescht Joer hei am Land gesammelt goufen, wiere ronn 99 Prozent recycléiert ginn. Dat schreift d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Adr-Deputéierte Fred Keup.
Och d'Plastiksverpackungen, déi iwwert déi blo Tut oder an de Recyclingszentere gesammelt ginn, géifen zum groussen Deel recycléiert ginn. Der Ministesch no géifen zum Beispill ronn 96 Prozent vun de Verpackungen aus PET erëm nei verwäert ginn. Dës ginn da fir d'éischt a kleng Flacken zerschreddert, ier se dann erëm fir d'Produktioun vun neien Emballagen benotzt ginn. Am Géigesaz zum Glas géif en Deel vun deem geschredderte Plastik och hei am Land nei verschafft ginn. Ronn 25.000 Tonnen där PET-Flacke géifen am Grand-Duché zu neie Fläsche verschafft ginn, wat deemno wäit méi ass wéi dat, wat um Lëtzebuerger Marché erëm an d'Vente kënnt.
Ma aus deene gesammelte PET-Verpackunge géifen net nëmme Fläsche produzéiert ginn. E groussen Deel dovu géif och an der Produktioun vu synthetesche Fiedem fir d'Textil- an Teppechindustrie agesat ginn, esou nach d'Prezisioun vun der Ministesch.
Wéi vill Energie fir de Recycling hei am Land gebraucht gëtt, wier net kloer, ma allgemeng wier d'Recycléiere vu Glas méi Energie-opwänneg wéi dee vum Plastik, firwat et deemno och besser wier, gliese Verpackunge méi dacks ze benotzen.
Wat um Enn besser fir d'Ëmwelt ass, Plastik oder Glas, do wëll d'Ministesch sech net festleeën. Wichteg wier et allgemeng, dass Verpackunge méi dacks kéinte benotzt ginn an d'Transportweeër méiglechst kuerz sinn. Dowéinst plangt een am Ministère dann och, fir zum Beispill e Pfandsystem bei Fläschen anzeféieren.
Kuckt een da wéi vill vun de Verpackungen, déi op de Marché kommen, och fir de Recycling gesammelt ginn, fält de Bilan beim Plastik e bësse besser aus. Beim PET goufen d'lescht Joer ronn 85 Prozent vun de Verpackungen iwwert de bloe Sak oder d'Recyclingszenteren erëm agesammelt. Beim Glas waren dat nëmme ronn 66 Prozent.