An ëmmer nees huet hien aussergewéinlech Iddien. Sou ass den Escher zum Beispill scho mat engem Vel'OK op Paräis oder Amsterdam gefuer.
Säin Challenge dëst Joer besteet doranner mat engem Escher Vel'OK an Italien ze fueren a gläichzäiteg Sue fir de gudden Zweck ze sammelen: D'Fondatioun "Kriibskrank Kanner".
Géint 14 Auer huet den Challenge fir de Sébastien ugefaangen. Vun Esch goung et iwwer Schëffleng, Näerzeng Direktioun Beetebuerg.
Iwwer 1.500 Kilometer leien tëscht Esch a Roum. Fir de komplette Parcours rechent de Sébastien Cayotte mat 3 bis 4 Wochen.