
Am juristesche Sträit ëm eng Promotioun huet d'Verwaltungsgeriicht e groussherzoglechen Arrêté annuléiert. Den Tribunal administratif huet nämlech de Recours vun engem Mann géint en Arrêté grand-ducal vum September als justifizéiert ugesinn. Den Dossier muss elo zréck bei de Grand-Duc.
1976 war de Mann Expeditionnaire genannt ginn. Duerch ministeriell Arrêtéë vun 1977, 80 an 82 gouf hien Adjoint, Commis a Commis principal, duerch Arrêtéë vum Premier Jacques Santer 1988 an 89 Commis principal hors cadre a Premier commis principal hors cadre. 1990 krut de Mann dunn, duerch e weideren Arrêté vum deemolege Staatsminister, de Grad 8ter zougesprach. Nodeems hien 1999 den entspriechenden Exame gepackt hat, gouf hien an d'Karriär vum Redakter opgeholl. Kuerz drop gouf de Mann duerch en Arrêté grand-ducal Chef de bureau hors cadre an duerch aner groussherzoglech Arrêtéë vun 2004 an 2007 Inspecteur hors cadre, respektiv Inspecteur principal hors cadre. 2011 hat hien dunn déi Demande gestallt, ëm déi et elo goung. Am Mee vun deem Joer hat den deemolege Justizminister François Biltgen dem delegéierte Minister vun der Fonction publique geschriwwen, a sengen A géif de Mann d'Konditiounen heifir net all erfëllen. Nodeems de Mann 2013 an d'Pensioun goung, hat hien 2016 seng Demande widderholl, fir réckwierkend op Juni 2011 an dee Grad ze kommen. Am Juni 2016 hat de Minister Felix Braz déi Demande zréckgewisen. Am Juli 2017 hat den Tribunal administratif dës Ministeschdecisioun annuléiert, wouropshin de Grand-Duc am September 2017 en Arrêté geholl hat, an deem dem Mann seng Promotioun refuséiert gouf. Dëse war am Dezember 2017 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass d'Gesetz vun 1996 iwwert d'Juridictions de l’ordre administratif a sou Fäll en Avis vum President vun der Cour administrative virgesäit. E Schreiwes vum Mee 2011, dat d'Regierungssäit als Avis vun deem President ugesinn huet, géif dem Kritär vum Legislateur awer net entspriechen, fir de Grand-Duc iwwert d'Meenung vum President vun der Cour administrative opzeklären. Well deemno keng Consultatioun vun deem President virlouch, hätt de Grand-Duc d'Gesetz violéiert, soudass den Arrêté grand-ducal ze annuléiere wär. De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vu 1.500 € zegutt.