ULC iwwert Adapto"Gutt gemengt ass net ëmmer gutt gemaach"

RTL Lëtzebuerg
Esou huet de Konsumenteschutz e Communiqué iwwerschriwwen, an deem eng séier Reform vum Adapto-Service gefuerdert gëtt.

Fir vill Passagéier hätt sech d’Situatioun no der Reform nämlech net verbessert, am Géigendeel.

Dofir misst eppes geschéien, fuerdert d’ULC, an appelléiert un d’Parteien, mat Bléck op d’Chamberswalen am Oktober, eppes ze ënnerhuelen.

Ënnert anerem misst nees méi op Eenzel-Faarte gesat ginn, an et misst kloer an eendeiteg Krittäre ginn, wien eng Adapto-Kaart ze gutt hätt.

D’Chauffeure missten och speziell forméiert ginn.

Aus ville Gespréicher wier d’ULC gewuer ginn, dass de System virun der Reform besser funktionéiert hätt.

Reaktioun Mobilitéitsministère

“Den Adapto soll natierlech richteg funktionéieren a pünktlech sinn an am Interêt vum Client schaffen”, dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber betount. D’Cecile Hemmen hat an der Froestonn un d’Regierung wollte wëssen, wisou et ëmmer rëm Problemer beim Service géife ginn, déi rezent erëm an der Press ze liese waren. Et géife sécherlech Punkte ginn, déi nach verbessert kéinte ginn, huet de grénge Minister betount, an awer och puer Chiffere genannt:

Extrait François Bausch

Mir si beim Adapto vu 4.000 Clienten op haut 7.000 eropgaangen. Den neie System huet also zu bal duebel souvill Notzer gefouert. Wann alles schlecht wier, géifen der net souvill et notzen, an och net, wa mer esou restriktiv wieren, wéi heiansdo duergestallt gëtt.

Wat Retarden zum Beispill betrëfft, hätten dës näischt mam System ze dinn, d’Verspéidunge wieren op de Verkéier an de Spëtzestonnen zréckzeféieren. Dat wier net forcement eng Entschëllegung awer eng Erklärung huet de François Bausch nach betount.

PDF: Schreiwes vum Konsumenteschutz

Back to Top
CIM LOGO