
Well d’Spidol vergréissert a moderniséiert gëtt, bléift d’Haaptentrée vun der Kannerklinik bis Mëtt September zou. Ofhängeg dovun, op d’Patienten op Rendez-vous oder fir d’Urgence do sinn, ginn et zwou verschidden Entréeën.
Wéi den CHL matdeelt, ass déi nei Entrée fir pediatresch Urgencen direkt an der Géigend un der aktueller Entrée. Déi nei Entrée gëtt dann och speziell ausgeschëldert. D’Kannerurgence wäert wärend der kompletter Bauphas weider funktionéieren, wéi den CHL matdeelt.
Patiente mat Rendez-vous an der Kannerklinik sollen iwwerdeems d’Entrée vun der Maternité notzen. Och hei gi Schëlder dohi gestallt, fir de Public ze guidéieren.
Wéini d’Aarbechte genee op en Enn ginn, kann elo nach net preziséiert ginn.