Mir hu Vaccinen, ma wéi gesäit et mat de Covid-Traitementer aus, mat deene Patienten zu Lëtzebuerg behandelt ginn?
Hospitaliséiert Covid-Patiente ginn och haut nach ëmmer haaptsächlech mat klassesche Medikamenter traitéiert, erkläert d’Dr Thérèse Staub, d’Cheffin vum Service des maladies infectueuses vum CHL. Si kréiche Kortison a Sprëtzen, fir Thrombosen ze verhënneren. Patienten an engem ganz schlechten Zoustand kréichen och Medikamenter géint d’Entzündung.
4 spezifesch Covid-Medikamenter hätten eng virleefeg Zouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence kritt, dorënner Regeneron, den Antikierper-Cocktail, deen den Donald Trump och krut. Am CHL waart een ongedëlleg op d’Liwwerung. Dëst Medikament, dat a Form vu Baxter administréiert gëtt, misst ee ganz fréi ginn, direkt wann d’Symptomer opkommen, esou d’Dokter Staub.
Et geet hei drëms, unhand vu sougenannte “monoklonalen Antikierper” d’Verbreedung vum Virus am Kierper ze ënnerbannen an esou e schwéiere Krankheetsverlaf ze verhënneren.
Dës monoklonal Antikierper wieren awer lo mol virbehale fir Leit, déi riskéieren, e schwéiere Covid-Verlaf ze maachen. Beispillsweis eeler Leit oder Leit, déi eng Chemotherapie kréien.
Am Ausland ginn den Ament och antiviral Medikamenter vu Pfizer a Merck getest. Dës mussen och fréi administréiert ginn. Eng éischt Etüd iwwer d’Merck-Medikament hätt erginn, datt a 50% vun de Fäll eng Hospitalisatioun konnt evitéiert ginn. Wéi bis méi Patienten an d’Etüd integréiert goufen, wär dësen Taux op 30% zréckgaangen. Et kéint een also och hei net vun engem “Wonner-Medikament” schwätzen, seet d’Dr Thérèse Staub.
Am CHL gëtt en änlecht Medikament vun AstraZeneca am Kader vun der Discovery-Etüd getest. Bis ewell hätt een awer just 2 passend Patiente fonnt fir matzemaachen.
D’Ebola-Medikament Remdesivir gouf jo och schonn am Kader vun der Discovery-Etüd am CHL agesat. Et hätt sech als net ganz effikass erwisen a kéim just seelen an den Asaz.