280 lokal MataarbechterHandicap International ass weider an Afghanistan aktiv

Jeannot Ries
D'ONG kennt den Afghanistan ganz gutt. Zanter 1988 ass Handicap International op der Plaz.
Handicap International weider am Afghanistan aktiv
D'ONG kennt den Afghanistan ganz gutt. Zanter 1988 ass Handicap International op der Plaz.

Viru genee annerhallwem Mount hunn d'Taliban nees d'Kontroll an Afghanistan iwwerholl. D'Hëllefsorganisatioun Handicap International ass weider mat 280 lokale Mataarbechter am Land um Hindukusch aktiv.

De 15. August, also deem Dag wou d'Taliban nees d'Kontroll iwwer d'Haaptstad Kabul iwwerholl hunn, huet de Belsch Eric Weerts den Afghanistan misse schwéieren Häerzens verloossen. De Lécker pendelt zanter 20 Joer hin an hier, fir um Hindukusch ënner anerem Kinéen auszebilden. Dës Kéier war seng Missioun eng aner. Et goung drëms, aus der Siicht vun Handicap International de politesche Wiessel, deen ustoung, virzebereeden. Fir datt d'Aktivitéiten, vun der Reeducatioun bis zur där extreem wichteger Begleedung, sou mann wéi méiglech leide géifen.

Am Interview erkläert den Eric Weerts wéi déi 280 Mataarbechter weider um Terrain aktiv bloufen. Bedéngt duerch de Muechtwiessel wier d'Aarbecht u sech just wärend e puer Deeg ënnerbrach ginn. Haut wier d'ONG nees grad wéi virun der Arrivée vun den Taliban weider aktiv. Am direkte Kontakt mat engersäits der lokaler Populatioun, awer och den Taliban selwer. D'Mataarbechter géifen d'Evolutioun vun der Situatioun genee am Aen behalen.

Iwwer 40 Joer Krich hunn déif Spuere bei der afghanescher Populatioun hannerlooss. Haut ass den Afghanistan eent vun den äermste Länner op der Welt. 18 Millioune Mënsche sinn ofhängeg vun humanitärer Hëllef. Eng 2,5 Milliounen Afghane liewe mat engem Handicap: Affer vu Bombardementer, Minnen, Schossverletzungen, vu Blindgänger, déi explodéieren. Zanter Mëtt August hätt sech d'Situatioun a ville Beräicher dramatesch verschlechtert.

Den Eric Weerts nennt e preziist Beispill: Nëmmen nach 17% vun de Klinicke géifen den Ament normal funktionéieren. Dat ass katastrophal fir Mënsche mat engem Handicap oder och fir Persounen, déi blesséiert sinn. Déi meescht Leit hätten d'Mëttel net, fir sech privat soignéieren ze loossen. Se sinn ofhängeg vun der ëffentlecher Hëllef. D'Mataarbechter vun der ONG si sech es bewosst, datt déi Situatioun e ganz groussen Impakt op déi Patiente wäert hunn. Sief et um medezinesche Plang, awer och wat d'psychologesch Suitten ubelaangt.

Handicap International ass virop a 4 Provënzen aktiv. D'Ekippe vun der ONG hunn d'Moyenen eng 20 bis 25.000 Patienten d'Joer ze begleeden. "Eng Drëps op de waarme Steen" , sou déi Responsabel selwer. Eng Aarbecht déi weider leeft, och ënnert dem Taliban, virop dank lokale Kontakter, iwwer Joerzéngt.

Den Eric Weerts sträicht ervir, datt et den Ament weider méiglech ass, weider Kinéen auszebilden. Mat der Prezisioun, datt weider 60% vun de Studente Frae sinn.

Eng 30% vun den Aktivitéite ginn dank Done finanzéiert. 70% kommen hei zu Lëtzebuerg vu Säite vun der Regierung. An do wier d'Zesummenaarbecht weider excellent. Sou de Mehdi Magha, Direkter vun Handicap International Lëtzebuerg.

Perséinlech steet den Eric Weerts den Ament an de Startlächer, fir zeréck an den Afghanistan ze fléien. Fir weider eng Populatioun z'ënnerstëtzen, déi et gewinnt ass, op d'Zänn ze bäissen.

Et ass méiglech, Handicap international duerch Donen z'ënnerstëtzen. E Samschdeg ass och vun 10 bis 17 Auer déi Schongpyramid op der Clairefontainesplaz.

Back to Top
CIM LOGO