CGDISHausbrand zu Bëschdref, Camionnette a Flamen zu Bäreldeng

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Hausbrand e Sonndeg den Owend géint 17.45 Auer zu Bëschdref. Direkt 6 Pompjeeszentren aus dem Réidener Kanton waren am Asaz.

Et waren dat d'Pompjeeë vu Béiwen-Attert, Useldeng, Réiden, Tënten, Lëntgen, Jonglënster an de Pelotonschef aus dem Uelzechtdall, grad wéi de Chef de compagnie de la Zone de secours aus dem Centre. Et gouf kee blesséiert.

© CIS Boevange/Attert

Feier och géint 19.30 Auer zu Stengefort, wou an der Lëtzebuerger Strooss e Gaardenhaischen a Flame stoung. Och do blouf et beim Materialschued.

Géint 00.50 Auer stoung zu Bäreldeng an der rue du Pont eng Camionnette a Brand.

Back to Top
CIM LOGO