Nuetswuecht vun der Caritas"Hei brauch ech net ze fäerten"

Anne Wolff
Minus 10 Grad waren et déi lescht Nuecht. Déi äiseg Temperature kënne besonnesch fir d'Leit op der Strooss geféierlech ginn.
© Caritas

An der Stad gëtt et eng Rëtsch Strukturen, déi Leit op der Strooss en Daach iwwert dem Kapp bidden. Eng Dovunner ass déi sougenannten Nuetswuecht “L’Espoir” zu Bouneweg, an déi ass net just am Wanter voll besat.

6 Auer moies zu Bouneweg. Ëm dës Auerzäit a bei Temperature vu -10 ass keen op der Strooss, deen net muss. An enger Säitestrooss läit den “Halte de nuit” “L’Espoir” vun der Caritas. Um Haus ass kee Schëld, dat soll de Leit, déi dës Offer notzen, Anonymitéit garantéieren.

Virun der Dier steet den Alain. Hien ass den éischte Bewunner, deen esou fréi moies op de Been ass.

Nuetswuecht vun der Caritas - E Reportage vum Anne Wolff

“Stellt Iech vir, ech hu 56 Joer, an ech hat en normaalt Liewen, ech hat eng Aarbecht, ech hat en doheem, wou ech no der Aarbecht heemkomm sinn, ech konnt decidéieren, wat ech owes iessen a wéini ech dusche ginn”, erzielt hien. Hei an der Nuetswuecht kréich een Hëllef, fir erëm op d’Been ze kommen, wann een dat da wëllt. Et wier awer keng Mussesaach.

Den Alain huet zanter November e Bett hei. Virdrun hätt hie bei -10 alt schonn dobausse geschlof, mee dat wier scho geféierlech, et géing ee wakereg ginn, well een d’Gefill hätt, soss géing een an der Keelt stierwen. D’Demande no engem waarme Bett ass grouss: 17 Männer schlofen am L’Espoir an zwou Kummeren op Feldbetter. Elo scho muss d’Haus Leit ofweisen, well keng Plaz méi ass. D’Frae sinn an engem anere Gebai, och do ass all Bett besat.

Déi sougenannten “Halte de Nuits” funktionéieren iwwer Vermëttlung vun enger Permanence sociale, déi zwee Mol an der Woch ass. Et kann een also net owes virun der Dier stoen an no engem Bett froen. Dofir ass d’Schlofgeleeënheet méi laangfristeg, an d’Bewunner mussen net all Dag op en neits no engem Bett froen. Si hunn eng Këscht an den Zëmmere stoen, wou si hir perséinlech Saachen dra maache kënnen. Och hir knaschteg Wäsch kënne si am L’Espoir ofginn, an d’Leit kréien Hëllef mat hire Paperassen.

“Mir kucken, finanziell Ressourcen erëm z’aktivéieren. Zum Beispill, huet déi Persoun Recht ob e Revis, oder eventuell op eng Pensioun”, erzielt de Pascal Lambertz. Hie schafft zanter 22 Joer bei der Caritas a koordinéiert déi zwou Ariichtungen. Zanter 22 Joer schafft hie bei der Caritas. Dass eng Persoun op der Strooss erëm zeréck an d’Mëtt vun der Gesellschaft fënnt, wier éischter rar.

Scho bei enger Wunneng gëtt et schwiereg, wann een nëmmen de Revis kritt. An ouni fix Adress ginn et keng Suen. Dobäi kéim, dass Mënschen, déi laang op der Strooss sinn, och kënne psychesch krank ginn a Schwieregkeeten hunn, erëm an ee gereegelt Liewe mat anere Leit eranzefannen. Dofir probéiert een d’Bewunner an anere Strukturen ënnerzebréngen.

Ëm 7.30 Auer ass Kaffiszäit an der Nuetswuecht. Um 8 Auer muss da jiddereen eraus. D’Ariichtung ass haaptsächlech fir eeler Leit oder Leit mat gesondheetleche Problemer. Den Alain ass mam Häerz geplot. Hei fillt hie sech sécher: “Hei brauch ech net ze fäerten, dass meng Medikamenter geklaut ginn, meng Pabeiere mäi Portmonnie, meng Kleeder, mäi Rucksak geklaut gëtt. Dat sinn d’Problemer, déi een op der Strooss huet hei zu Lëtzebuerg, an dem räichste Land vun der Welt.”

© Caritas

Back to Top
CIM LOGO