Potentiell Gefor e MéindegHéichwaassermeldedéngscht ass nees a Bereetschaft

RTL Lëtzebuerg
Well déi meteorologesch Situatioun op e potentielle Risiko vun Héichwaasser hindeit, huet den Héichwaassermeldedéngscht seng Bereetschaft nees opgeholl.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

D’Héichwaasser-Situatioun am Land, ass trotz dem naasse Wieder aus der Lescht ënner Kontroll.

E Sonndeg den Owend hat den zoustännege Service vum Waasserwirtschaftsamt nees eng phase de vigilance ausgeruff, wéinst dem potentielle Risk vu liichten Iwwerschwemmungen, haaptsächlech an der Süd-Hallschent vum Land.

D’Peegelen um Méindeg de Moien weisen awer keng gréisser Geforen-Situatioun.

D’Musel steet weider e gudde Meter iwwer Normal-Héicht, mä och um Grenz-Floss weist d’Tendenz éischter no ënnen.

D’Streck tëscht Schengen an dem franséische Kontz bleift awer weider gespaart.

Weider Detailer op Inondations.lu

Back to Top
CIM LOGO