Phase de pré-alerte opgehuewenHéichwaassersituatioun huet sech entspaant, Äerdrutsch um CR123

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Reen an de leschten Deeg koum et plazeweis am Land zu Iwwerschwemmungen oder Bulli an de Stroossen.

Wéi d'Waasserwirtschaftsamt en Donneschdeg den Owend matgedeelt huet, konnt d'Phase de pré-alerte opgehuewe ginn. D'Peegele wäerte weider falen a viraussiichtlech net méi sou däitlech klammen. Och zu Bollenduerf, wou en Donneschdeg de Moien nach eng Alerte gegëllt huet, geet de Waasserniveau zeréck.

Bei den anere Gewässer, wéi zum Beispill der Uelzecht, sinn d'Peegele schonn e Mëttwoch den Owend nees gefall.

PDF: Aktuell Informatioune vum Waasserwirtschaftsamt

Back to Top
CIM LOGO