
Dat huet d’Justizministesch um Mëttwoch an der Chamber betount.
De Rapporter Laurent Mosar huet erkläert, datt den Hannergrond vun dëser Propositon de Loi vun der CSV eng déidlech Messerpickerei zu Bouneweg virun 2 an engem hallwe Joer war. Dobäi war eng jonk Persoun ëm d’Liewe komm an eng Partie vun de presuméierten Täter an d’Unisec. Een dovunner ass awer am Laf vun der Zäit groussjäreg ginn an konnt net zu Dräibuer bleiwen, well eist Gesetz do net kloer genuch war:
“Domadder gëtt déi Faille legislative zougemaach. Ech wëll awer präziséieren, datt soss näischt ännert, wat d’Rechter vun de Jugendriichter ugeet, déi zesumme mam Untersuchungsriichter decidéieren, wat mat sou engem Jonke geschitt.”
Dëst ass also eng punktuell Verbesserung, wärend nach ëmmer um Jugendschutz- a Jugendstrofrecht geschafft gëtt. Déi sollen der Justizministesch Sam Tanson no dann och zäitno gestëmmt ginn:
“Mir iwwerhuelen do weider eis Verantwortung. Et sinn nach Diskussioune mat de verschidden Acteuren déi nächst Wochen. Et sinn Diskrepanzen tëscht dem Avis vum Staatsrot an den Avise vun den autorités judiciaires. Mee vue datt de Prinzip net a Fro gestallt gëtt, versiche mer dat beieneen ze kréien.”
Am Hierscht sollen déi Texter der Justizministesch no weider op den Instanzewee goen.