Esch/UelzechtHeizungen a Gemengewunnenge falen ëmmer nees um Weekend aus

RTL Lëtzebuerg
Zanter November gëtt et den Awunner vun de Gemengewunnengen an der Cité Albert Schweitzer zu Esch um Weekend ëmmer nees kal.
Et wier ee sech dem Ausmooss net bewosst gewiescht, heescht et aus der Escher Gemeng.
Et wier ee sech dem Ausmooss net bewosst gewiescht, heescht et aus der Escher Gemeng.

Et sinn Zoustänn, déi Kengen zouzemudden wieren, schreift d'Zeitung mam Haaptsëtz zu Esch. Zanter Mëtt November elo schonn, also zanter 4 Méint, géif an der de Gemengewunnengen an der Cité Albert Schweitzer de Weekend iwwer reegelméisseg d'Heizung ausfalen. Am ganzen 30 Mol elo schonn.

Ma obwuel d'Leit reklaméiert hätten, wieren déi Responsabel vun der Gemeng bis ewell nach net intervenéiert, fir de Problem vun der neier Heizung ee fir allemol ze léisen. De Problem kéim duerch d'Fernwärmenetz, dat un den Escher CHEM ugeschloss ass, an u sech funktionéiert, ausser eben de Weekend.

Op Nofro vum Tageblatt huet den zoustännege Schäffe Martin Kox versprach, sech der Saach unzehuelen. Hie wier sech dem Ausmooss net bewosst gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO