27.700 Metercarré grouss ass et, opgedeelt op 8 Stäck. Quasi all d'Servicer vun der Lëtzebuerger Post sinn hannert de 4 Maueren ënnerbruecht. Wärend 5 Joer gouf um Bau geschafft. Virun allem wärend der Pandemie wär et dacks net einfach gewiescht.
De Käschtepunkt beleeft sech op 115 Milliounen Euro.