Roy Reding am Appell"Hien huet vun Ufank un näischt ze verstoppen"

Diana Hoffmann
Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet sech e Freiden de Moien op der Cour d’Appell géint en Urteel aus éischter Instanz verdeedegt.

Him war Enn Zejoert Bedruch reprochéiert ginn, woufir hien zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat Sursis an enger Geldstrof vu 50.000 Euro verurteelt gi war. Dogéint war hien an Appell gaangen. De Parquet général huet elo d’Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz gefrot. Kee Kommentar, sot de Roy Reding no der Sëtzung. Hie wollt also net nach eng Kéier erklären, wisou senger Meenung no d’Reprochen aus éischter Instanz net kéinten zréckbehale ginn. Him gëtt virgehäit, Enn 2016 en Appartementshaus um Kierchbierg verkaaft ze hunn, ouni d’Keeferin drop hinzeweisen, dass de Studio am Keller net méi kéint verlount ginn. Dat well an engem Geriichtsurteel festgehale gi war, dass dësen ëmgebaute Kellerraum wéinst senger Héicht net den Norme vu Wunnraum géing entspriechen. Dofir misst dëse bis Enn 2016 nees als Keller hiergeriicht ginn. Dat hätt den Deputéierten awer net gemaach, an d’Appartementshaus virdru verkaaft.

Souwuel de Roy Reding selwer, wéi och seng Affekotin d’Lydie Lorang, hunn d’Riichter drop higewisen, dass d’Keeferin Bescheed gewosst hätt iwwert dësen Ëmstand. Ënner anerem gëtt et en E-Mail Austausch, wou den Ugekloten den Immobilienagent drop hiweist. “Dëse Mail beweist, dass absolut näischt verstoppt ginn ass”, sou de Roy Reding. An engem weidere Mail stoung dann och, dass de besote Studio misst an Zukunft als Stockage oder Wäschkiche genotzt ginn.

Anescht gesäit déi ganz Affär awer aus der Vue vum Parquet général aus. D’Keeferin hätt Kenntnis doriwwer gehat, dass eng Prozedur wéinst dem Studio amgaange wier. Si wier awer der Meenung gewiescht, dass et sech dobäi géing ëm eppes mam Kadaster vertical handelen. Souwuel aus dem Energiepass, wéi och aus dem Bilan vun de Loyere vun 2015 wier fir si ervirgaangen, dass d’Appartementshaus aus 5 Unitéite géing bestoen. De Studio also och kéint verlount ginn, sou d’Vertriederin vum Parquet général. Zu kengem Moment hätt d’Keeferin gewosst, dass dëse misst als Keller ëmgebaut ginn. Och den Immobilienagent huet an éischter Instanz ausgesot, keng Kenntnis dovunner gehat ze hunn.

“Et kann een net ausschléissen, dass den Immobilienagent gelunn huet”, sou d’Lydie Lorrang. Mä hire Mandant hätt dat net gemaach, a mat oppene Karte gespillt. Hien hätt ab initio näischt ze verstoppe gehat. De Parquet kéint net noweisen, dass d’Keeferin net iwwert d’Ëmstänn vum Studio Bescheed gewosst hätt. Am Fall vum geréngsten Zweiwel, misst een den Ugekloten dovunner profitéiere loossen. D’Affekotin fuerdert de Fräisproch vun hirem Client.

D’Urteel an zweeter Instanz gëtt den 20. Juli gesprach.

Back to Top
CIM LOGO