Bréck am GronnHistoresch Paweesteng kommen 2023 zeréck

Diana Hoffmann
Iwwer 100 Joer gëtt et déi kleng Bréck am Gronn an der Rue Münster elo schonns, ma déi staark Iwwerschwemmunge Mëtt Juli hunn zu Schied gefouert.

Bréck am Gronn a Paweesteng - Reportage vum Diana Hoffmann

Eng Gefor fir d’Stabilitéit besteet awer net. Fir dass dat och weiderhin esou soll bleift, goufen déi historesch Paweesteng op der Bréck ofgedroen. Den Tapis  - an domat sinn déi al Paweesteng geduecht  - ass fort.  Elo ass do e schwaarze Stroossebelag, dee sech manner gutt an d’Stadbild afüügt. Ma dëst ass eng Mesure, déi néideg war, erkläert d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Duerch déi enorm Quantitéiten u Waasser, déi bei den heftegen Iwwerschwemmungen iwwert d’Bréck gelaf sinn, hate sech vill vun de Steng geléist. Doduerch huet dono d’Gefor bestanen, datt ëmmer, wann et géing reenen, Waasser kéint asickeren an esou dann iergendwann dach d’Stabilitéit vun der Bréck a Gefor wier.

Datt dat awer elo net einfach gefléckt ginn ass, mä d’Steng ganz ofgedroe gi sinn, huet awer eng Ursaach. Gréisser Aarbechte waren nämlech souwisou fir 2023 virgesinn, dat no der Gartenschau, der Luga.

Den Ament wier een nach mat Aarbechten an der Péitruss befaasst an hätt dofir keng Zäit de Gronn virzezéien. 2023 ginn dann d‘Gas- an Elektreschleitungen an d’Bréck am Gronn verluecht, déi am Moment nach bausse laanscht lafen. Esou muss dann net 2 Mol ugefaange ginn.

An 3 Wochen awer, kënnt et nach eng Kéier kuerz zu Aarbechten op der Bréck. Da kënnt e giele Belag drop, fir d’Optik ze verbesseren. Well wierklech maachen, wéi se wëllt, kann d’Stad Lëtzebuerg souwisou net. Op d’mannst net, wann d’Stad wëll Unesco-Site bleiwen. Dofir mussen nämlech bestëmmte Recommandatiounen erfëllt ginn. Zum Beispill mussen d‘Paweesteng, déi recuperéiert konnte ginn, gelagert ginn a kommen dono erëm zréck op hir Plaz. Ëmmerhin ass dat fir 2/3 vun de Steng de Fall. Déi aner ginn ersat duerch aner historesch Steng, déi an Depoten hei am Land gelagert sinn. Dëst, fir dass kee Mosaik mat ënnerschiddleche Steng entsteet.

Dass iwweregens all déi historesch Paweesteng zu Lëtzebuerg och aus Lëtzebuerg kéimen, ass e Mythos, seet den Historiker Robert Philippart, als Unsesco-Verantwortleche vun der Haaptstad. Als Historiker huet hien éischter aus Zoufall erausfonnt, datt zum Beispill och Steng aus Dresden kommen, dat iwwer Präislëschten, déi hie fonnt hat.

Back to Top
CIM LOGO