AMMD-President reagéiert"Ouni Konventioun mat der AMMD si mer an enger kompletter Staatsmedezin"

Monique Kater
Frank Goetz
En Dënschdeg den Owend war de President vun der AMMD Chris Roller Invité am Journal op der Tëlee.

D'Gewerkschafte gesinn den Assuré als Geisel vum Santés-Konflikt. Den Discours vun der Pressekonferenz vun de Gewerkschaften ass en Onverantwortlechen, esou reagéiert de President vun der AMMD Chris Roller op d'Behaaptunge vun de Gewerkschaften, déi den Assuré: Geisel vum Santés-Konflikt nennen. Dass si, wéi se d'Konventioun gekënnegt hunn, Adaptatiounen, wat d'Gesetzer ugeet, verlaangt hunn, wéist jiddereen, och eng CNS, an de Chris Roller wonnert sech, dass de Conseilsmember Knebler dat wuel net matkritt hätt. Si wéissten, dass eng CNS ouni d'Politik näischt kéint maachen, mä vun där Säit wier awer näischt ënnerholl ginn. D'AMMD insistéiert op de Volet "Ambulatoire", d'Doktere misste kënnen baussent de Spideeler méi maachen. Dat war och e Walversprieche vun der CSV!

Weder vum Premier nach vun der Gesondheetsministesch wier a Saache Konventioun vill komm!

D’AMMD fënnt, dass do net vill gemaach gi wier! An a Saache Revaloriséierung vun hiren Tariffer hätt een hinnen op eemol "abus et fraude" reprochéiert. Engersäits froen d'Regierung an d'CNS vun den Dokteren déi bescht Medezin, déi et gëtt, mä kaschten dierft se awer näischt, sou de Chris Roller. Dobäi hätt d'Politik hei hir Verantwortung. D'Medezin géif net méi bëlleg ginn an och eng gutt Therapie géint de Kriibs misst finanzéierbar bleiwen, seet den AMMD-President.

Ouni gutt Conditioune kritt ee keng nei oder jonk Dokteren op Lëtzebuerg

Interventiounen an engem Cabinet wiere méi bëlleg an duerch en Ausglidderen aus dem Spidol géinge jo och d'Waardezäiten erof, weess de Chris Roller a präziséiert, dass si, als Dokteschassociatioun, ni vun engem Deconventionnement geschwat hätten. Allerdéngs missten déi reell Fraise vum Tarif gedeckt ginn. E "Jo" zum solidaresche System, mä mat engem Finanzement vum Staat.

Deprez nennt Deadline fir d'Signature vun der Konventioun

D'Gesondheetsministesch gëtt der AMMD-Zäit bis den 1.November, fir d'Konventioun z'ënnerschreiwen, soss trëtt e Reglement Grand-Ducal a Kraaft, sou d'Martine Deprez an der Chamber. Dorunner géife si den Ament schaffen.

Si huet eis anscheinend iwwer déi lescht Méint net richteg nogelauschtert, wat eis Doleancë sinn. Si wéisst dat awer genee, wonnert sech de Chris Roller, dee präziséiert, dass, wann déi legal Adaptatioune géinge kommen, si bereet wieren, z'ënnerschreiwen. Ouni Konventioun mat den Doktere wiere mer an enger kompletter Staatsmedezin.

Remboursementer jo, mee de System wier domadder net attraktiv genuch, fir jonk Dokteren an d'Land ze kréien. Net si géingen d'Patienten als Geisel huelen, mee hien hätt éischter d'Gefill, d'Gewerkschafte wéilten dat mat den Doktere maachen.

"Wat d'Santé ugeet, schafft d'Regierung nëmme mat Drock"

No zwee an engem hallwe Joer wier vun de Walverspriechen näischt konkret ëmgesat ginn, esou d'Kritik vum AMMD-President.

Wat d'Affaire Philippe Wilmes ugeet, nennt sech d'Ministesch mat hirer Decisioun voll am Rengen. Deemno wat Parquet oder Collège Médical géingen am Suivi festhalen, géif hir provisoresch Decisioun ugepasst.

"D'Ministesch litt, wa se seet, si géif de Philippe Wilmes just indirekt kennen"

Den AMMD-President kann net novollzéien, wann d'Ministesch dat behaapt a präziséiert, hien hätt op der Uni geléiert, dass een net just Biller, mee de Patient misst am Ganze kucken. Senges Wëssens no wieren hei just IRM-Biller gekuckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO