
Der Police no wier géint 16 Auer zu Hënsdref en Hond ouni Léngt op Kanner zougelaf. Ee vun den Erwuessenen op der Plaz hätt dunn de Besëtzer vum Hond do drop ugeschwat, wouropshi sech e Sträit entwéckelt hätt.
Den Hondsbesëtzer hätt dunn de Mann gestouss an him mat der Léngt an d'Gesiicht geschloen. D'Affer gouf dobäi blesséiert. Nach ier Beamten op d'Plaz koumen, hat sech de Verdächtegen duerch d'Bascht gemaach, eng Sich no him - kuerz nom Virfall - hat kee Succès. D'Enquête leeft.
Dee selwechten Owend koum et bei engem Futtballsmatch zu Déifferdeng, an der Géigend vun der Primärschoul, zu enger Kläpperei tëschent zwee Männer, bei där ee vun hinne blesséiert gouf. De presuméierte Täter war och hei scho fort, ier eng Policepatrull op der Plaz ukoum.
An Zesummenhang mat dësem Virfall huet sech tëschent dem blesséierten Affer an enger weiderer Persoun dunn nees e Sträit entwéckelt, d'Beamte konnten déi zwee awer vuneneen trennen. De blesséierte Mann koum fir eng Kontroll an d'Spidol.