Virum Siège beim Rond-point Sandweiler huet d’Personal gewisen, dass een hannert de Gewerkschaften LCGB an OGBL steet. Et waren ëm déi 700 Leit virum Sëtz vun der Cargolux. Quasi paritéitesch mat grénge Gilete fir den LCGB, respektiv roude fir den OGBL.
Den Hannergrond ass bekannt. Iwwert ee Joer Kollektivvertragsverhandlungen, 28 Ronnen, 5 Reunioune beim Conciliateur a keen Accord. De Streik huet mat der 6-Auer-Schicht ugefaangen. Et waren direkt 120 Mecanicienen am Streik an 11 Fliger blockéiert. Weltwäit dierften ëm déi zwou Dose Cargolux-Maschinne sinn, déi blockéiert sinn. D’Rechnung ass séier gemaach. Pro Stonn entstinn pro Fliger Käschte vu 25.000 Dollar.
Et fillt ee sech vun der Direktioun net fir eescht geholl. 6% méi iwwer 4 Joer wier net iwwerdriwwen. Dat wier bei der leschter Opbesserung gaangen. An deemools stoung d’Cargolux net esou gutt do, esou d’Gewerkschaften. Derbäi de Rappell, dass et tëscht 2003 an 2019 just Grimmele fir d’Personal gouf.
D’Argument vu rezent décke Bonifikatioune léisst een net gëllen, well dat net feste Bestanddeel vun der Gehälterstruktur wier.
De Paul de Araujo vum LCGB:
“Wéinst de kommenden Investitiounen ass et onsécher, ob nach weider Primmen am Kader vum Profit Share ausbezuelt kënne ginn. Nëmmen eng lineaire Gehaltsopbesserung ass deemno eng nohalteg Garantie fir d’Salariéen. De Generaldirekter behaapt, datt déi gefuerdert Gehaltsopbesserung vu 6 % onrealistesch wier an net op enger laangfristeger Approche baséiert. Offensichtlech huet de Generaldirekter näischt verstanen oder wëll näischt verstoen.“
Och d’Michèle Cloos vum OGBL konnt just de Kapp iwwert d’Direktioun rëselen:
“An et ass och wierklech traureg, dass mir no annerhallwem Joer Verhandlunge mussen hei stoen. An engem Betrib, dee méi wéi genuch Geld huet, an engem Betrib mat staatlechem Aktionariat. Am Fong ass et een Hohn”De Streik wier ze evitéiere gewiescht. D’Direktioun hätt awer de falsche Choix gemaach. D’Riede waren deels op Englesch. Kee Wonner am Siège war d’Direktioun beieneen. Do gouf wuel och de Käschtepunkt vum Streik analyséiert. An et wäert eng deier ginn.
Dass de Streik op engem Donneschdeg war, ass och keen Zoufall: Donneschdes ass deen Dag, wou ganz vill Maschinnen aus dem asiatesche Raum op de Findel sollen. Ee Vol hat et vum Findel erfort gepackt. Aus guddem Grond: Déi Maschinn hat Päerd gelueden.
De Streik geet dann och e Freideg weider, wéi den OGBL op Nofro hi bestätegt huet.
D’Luxair-Pilote vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Linne-Piloten weist sech solidaresch mat de Salariéeë vun der Cargolux. Gläichzäiteg betoune si, dass et och grouss Probleemer bei der Luxair géif ginn, esou dass d’ALPL bei der Luxair elo decidéiert hätt, am Comité zesummenzekommen.
D’Luxair kéint deen nächsten Dossier ginn well et do an e puer Wochen an déi waarm Phas vun de Kollektivvertragsverhandlungen geet an ee bei de Gewerkschaften fäert, dass ee bei der Luxair eng änlech Approche kéint hu wéi d’Cargolux-Direktioun.