Déifstall um ING MarathonHonnerte Medaile goufe geklaut, Videoe ginn elo iwwerpréift

RTL Lëtzebuerg
Wéi den Organisateur "Step by Step" confirméiert huet, sollen e puer Këschten Hallefmarathon-Medaile geklaut gi sinn.
© RTL

An engem Statement confirméiert “Step by Step”, dass et zu engem gréisseren Déifstall wärend dem ING Marathon e Samschdeg komm ass.

Wéi et heescht, goufen am Virfeld vum Evenement definitiv genuch Medaile bestallt, produzéiert an op Lëtzebuerg geliwwert. Den Organisateur hätt d’Liwwerung vun de Medailen dann am Virfeld kontrolléiert, d’Stécker goufen dunn en Donneschdeg virum Event wärend dem Opbau un déi zoustänneg Plaz, wou och zum Schluss d’Medailen un d’Leeferinnen a Leefer iwwerreecht ginn, ofginn.

A genee op där Plaz sollen dann direkt e puer Këschten vun den Hallefmarathon-Medaile geklaut gi sinn. Eisen Informatiounen no soll et sech ëm ronn 300 Stéck handelen, eng 100 Leefer sollen dohier och net déi richteg Medail kritt hunn. Wéi et am Communiqué vu “Step by Step” heescht, hätt ee missten déi Medaile verdeelen, déi een nach hat, sou dass eng Partie Leit net déi richteg Medail kritt hunn. Ma et war dem Organisateur wichteg, fir trotzdeem all Leefer fir seng Ustrengungen ze belounen, sou dass een hätt missen improviséieren.

“Step by Step” präziséiert, dass an alleguerten den Hale Videokameraen installéiert goufen, sou dass een elo géif préiwen, ween d’Medaile geklaut huet. Op alle Fall wäerten elo nei Medaile produzéiert ginn. Participanten, déi eng falsch Medail kruten, solle sech dofir mellen, fir dann awer nach déi richteg Medail ze kréien. Heivir soll een e Mail mat der Startnummer op Info@ing-night-marathon.lu maachen.

Hei nach eemol de ganze Statement vu “Step by Step”

Liebe Läufer, es gab tatsächlich ein großes Problem bei der Medaillenvergabe: Sie wurden in ausreichender Zahl bestellt, produziert und auch nach Luxemburg geliefert. Bei uns wurden sie im Vorfeld kontrolliert und dann am Donnerstag vor dem Event beim Aufbau in die Medaillenausgabe gestellt. Dort sind dann mehrere Kisten mit Halbmarathon-Medaillen gestohlen worden. Wir haben in allen Hallen Videoüberwachung installiert und werden jetzt prüfen, wer die Medaillen gestohlen hat. Damit die Läufer überhaupt noch eine Medaille bekamen, mussten wir die Medaillen verteilen, die wir noch hatten – wir wollten Euch zumindest für Eure Anstrengung belohnen, auch wenn es zunächst nicht die richtige Medaille ist. Wir werden jetzt neue Medaillen produzieren lassen. Bitte meldet Euch bei uns, damit wir Euch eine neue, richtige Medaille zusenden können. Wir möchten uns bei Euch für die Unannehmlichkeiten entschuldigen. Wir haben das Beste getan , um die Situation vor Ort zu lösen und werden Euch jetzt Eure richtige, wohl verdiente Medaille überreichen.

Back to Top
CIM LOGO