Souguer wann een nees Gäscht bannen empfänken dierft, kéim een am thailännesche Restaurant an engem Kinoskomplex um Kierchbierg net iwwer d'Ronnen, seet de Christophe Diederich, Partner beim Horeca Grupp Concept Partners. Duerch den Télétravail wär einfach net genuch Aarbecht do. An och de Kino géif an dësen Zäiten net genuch Clienten unzéien. Och déi méiglech Ouverture vun der Terrasse vum 7. Abrëll u wär do net d'Rettung. Net just wéinst der Imprevisibilitéit duerch d'Wieder. Mee och wéinst de limitéierte Sëtzplazen, erkläert de Marc Fusenig vu Concept Partners. Duerch d'sanitär Mesurë kënne just nach 16 am Plaz vun 30 Gäscht op der Terrasse empfaange ginn. Et bräicht een awer méi Personal. D'Rechnung geet net op.
Déi zousätzlech Lounkäschten, déi duerch déi ëm 50% reduzéiert Kuerzaarbecht am Mee riskéieren unzefalen, wäerte bei Concept Partners och net duerch déi finanziell Hëllefe vum Staat kënnen ausgeglach ginn. De Grupp huet 11 Lokaler an 180 Mataarbechter. Iwwerdeems d'Kuerzaarbecht pro Lokal gerechent gëtt, ginn d'Aiden nämlech op de Grupp verdeelt. An do gëtt et e Plaffong. Dee wär ganz geschwënn erreecht, da géifen et keng Hëllefe méi.
Sollt d'Kuerzaarbecht vu Mee u gekierzt ginn, ginn et fir de Christophe Diederich zwou Optiounen: entweder Lokal zoumaachen oder Leit entloossen. Dat kéinte bis zu 20% vum Effektiv sinn.
Ab Juli soll d'Kuerzaarbecht am Secteur da ganz ewechfalen. D'Horesca huet eng Entrevue mam Wirtschaftsminister a mam Aarbechtsminister. D'Federatioun fuerdert d'Kuerzaarbecht am aktuelle Regime bis zum Enn vum Joer bäizebehalen.
