
"No all den Noriichten an de leschte Stonnen, denken ech éischter un den 1. Abrëll", esou schätzt de François Koepp d'Situatioun fir de Secteur vun de Restaurateuren a Cafetieren an. Am Interview mam Tageblatt seet de Generalsekretär vun der Horesca weider, datt hie Versteesdemech huet, esouwuel fir d'Leit aus dem Secteur, déi op d'Strooss ginn, wéi och fir d'Regierung, déi esou eng Erausfuerderung musse meeschteren.
De François Koepp betount, dass d'Regierung senger Meenung no ënnert dem Drock vun de Nopeschlänner steet. Esou ass et am Artikel vum Samschdeg ze liesen. D'Horesca kéint verstoen, dass d'Regierung net wéilt de Risk agoen, dass d'Grenzen nees zoumaachen. Da géing d'Wirtschaft kollabéieren an dat wier och fir den Horeca-Secteur net gutt, esou de Generalsekretär vun der Horesca weider.
